Kapoutty

De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan.

Den Duo Serge Tonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, erlieft een hei op eng opgefrëschte Manéier. Dem Serge seng bal erzieleresch Interpretatioun an dem Georges seng Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen, setzen esou den Text an d‘Geschichten an de Mëttelpunkt.

No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm Aus der Heemecht, hunn si elo hiren neien Album KAPOUTTY am Gepäck: Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi „Déi Schnëss“ oder „De schéine Poli“, kritt een och manner Bekanntes – dofir net manner opreegend – ze héieren.

Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.

Date

30 septembre 2026

Heure

20h00 - 21h30

Tarif

22,50€

Plus d'Infos

Tickets

Lieu

Centre Culturel Kinneksbond
Centre Culturel Kinneksbond
4, um Kinneksbond, L-8210 Mamer
Téléphone
www.kinneksbond.lu
Catégorie

Organisateur

Centre culturel Kinneksbond
Site Web
http://www.kinneksbond.lu
Billets
Aller au contenu principal