„Frae beweege vill – Trëppeltour am Kader vum internationale Dag fir Fraerechter

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Rechter vun de Fraen invitéieren de Schäfferot, d’Maison Citoyenne an d’Chancëgläichheetskommissioun all d’Awunner op en Trëppeltour ënnert dem Motto „Frae beweege vill“, e Sonndeg, den 10. Mäerz 2024.

Verännerung an Entwécklung brauche Beweegung, grad ewéi Leit, déi dës matdroen.

Gitt mat eis e Stéck op dësem Wee – jiddereen ass wëllkomm: jonk a manner jonk, Kleng a Grouss.

Den Depart ass um 10.00 Auer beim Mamer Schlass (Gemengenhaus).

Mir trëppelen zesummen duerch Mamer an de Bambësch ier mir nees beim Mamer Schlass ukommen.

De Wee ass fir jiddereen accessibel. Ënnerwee ass en interaktive Quizz mat  Informatiounen iwwert den Internationalen Dag vun de Fraerechter.

Nom Tour invitéiert d’Gemeng op eng Bouneschlupp.

Umeldung per E-mail op egalite@mamer.lu bis de 4. Mäerz 2024.

Weider Informatiounen fannt Dir um Flyer: ICI 

Date

10 mars 2024
Expiré!

Heure

09:45 - 14:00

Lieu

Mamer Schlass
Catégorie

Organisateur

Commission de l'Égalité des Chances
QR Code
Aller au contenu principal