Nationale Commemoratiounsdag

Den nationale Gedenkdag fir un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek an de Krichsjore 1940-1945 ze erënneren, gëtt samschdes, de 14. Oktober an den dräi Uertschaften Holzem, Capellen a Mamer
zelebréiert. De Schäfferot invitéiert d’Leit, d’Fändelen erauszehänken, an all Matbierger, grad esou wéi déi lokal Veräiner, un dëser Gedenkzeremonie deelzehuelen.

HOLZEM:
Um 17.00 Auer leeën d’Gemengevertrieder an d’Zwangsrekrutéiert Gerbë beim „Monument aux Morts” op der Place de la Résistance nidder.

CAPELLEN:
Um 17.30 Auer leeën d’Gemengevertrieder an d’Zwangsrekrutéiert Gerbë beim „Monument aux Morts” virun der Kierch nidder.

MAMER:
Um 18.00 Auer kommen d’Membere vum Schäffen- a Gemengerot, Leit, déi ëmgesidelt a verschleeft gi waren an hier Familljen a Frënn, politesch Prisonéier, Zwangsrekrutéiert, Veräiner aus der Gemeng mat Delegatioun a Fändel, an all aner Matbiergerinnen a Matbierger virun der Kierch zesummen. De Cortège geet uschléissend duerch d’Rue Josy Barthel bis an d’Rue du Marché a stellt sech beim „Monument aux Morts“ virun der Kierch op. Den Oflaf vun der Gedenkzeremonie ass folgenden:
• d’Gerbë ginn niddergeluecht,
• d’„Sonnerie aux Morts“ gëtt gespillt,
• de Buergermeeschter Gilles ROTH hält eng Gedenkusprooch,
• d’Heemecht gëtt gespillt,
• Mass an der Kierch.

Date

14 octobre 2023
Expiré!

Heure

17:00
Catégorie
QR Code
Aller au contenu principal