Mugunghwa Kachcours: Chimaek

D’Mugunghwa Lëtzebuerg a.s.b.l invitéiert Iech häerzlechst op eisen Kachcours den 23. September 2023 am Veräinshaus zu Holzem (route de Capellen zu Holzem, niewend dem Kierfech)

No der grousser Ufro, dass mir Chimaek emol maachen, bidden mir et dann och elo un:

Programme: Chimaek ( Chicken a Beer, ee populären Menu a Korea)

Rendez vous: 14h15

Kachcours: 14h30 – 17h30

ab 17h30 zesummen Iessen

Participantskäschten: 25,00€ fir Adoptivkoreaner a Memberen // 35€ fir Non-Member. Am Präis ass alles inclus.

Maximal Unzuel: 15 Persounen

De Cours gett op Lëtzebuergesch gehaalen

Umellen: info@mugunghwa.lu bis den 17.09

Et gett am Viraus bezuelt.

Mugunghwa Lëtzebuerg ass eng asbl zu Mamer, fir erwuessen Adoptivkoreaner fir Adoptivkoreaner. Mir bidden kulturell and sportlech Aktivitéiten, een Austosch zweschen den Adoptéierten, den Familjen an Frenn. Mir schaffen vill mat den koreaneschen Associatiounen zu Lëtzebuerg zesummen, sou dass mir déi koreanesch Kultur méi nobrengen.

Eis Aktivitéiten sin oppen fir jiddwereen.

Méi Infos:

http://www.mugunghwa.lu

http://www.facebook.com/mugunghwaluxembourg

Instagram: mugunghwalux

Date

23 septembre 2023
Expiré!

Heure

14:30 - 20:00

Plus d'Infos

Lire la suite
Catégorie
Lire la suite
QR Code
Aller au contenu principal