Konferenz iwwert Testamenter mam Notaire Mireille Hames
D’Konferenz vermëttelt e kuerzen Iwwerbléck iwwert déi legal Iwwerdroung vun der Ierfschaft gradewéi déi verschidde Forme vun Testamenter an hir Validitéit.
D’Enn vum Liewen organiséiere bedeit:
– selbstbestëmmt decidéieren, wat soll geschéien, wann een an eng Situatioun vun Ofhängegkeet geréit. Wat ass elo an an Zukunft juristesch méiglech (virun allem de projet de loi n° 8133 iwwert de Mandat de protection future)?
– sech informéieren iwwert déi legal Devolutioun vun der Ierfschaft an eventuell testamentaresch Dispositiounen huelen.
– sech ëm eng Patienteverfügung an d’Begriefnesorganisatioun zu Liefzäite këmmeren.
D’Notaire äntwert no hirer Presentatioun op d’Froen aus dem Public. Simultaniwwersetzung op Franséisch.
Fräien Entrée. Eng Umeldung ass net noutwendeg.