Konferenz iwwert dat neit Asbl-Gesetz

No bal 100 Joer kréien d’Veräiner duerch dat neit ASBL-Gesetz e moderne Kader, fir dat associatiivt, sportlecht a kulturellt Liewen ze gestalten.

Niewend enger Rëtsch Vereinfachunge vun den administrative Prozedure kommen awer och zousätzlech Reegelen op d’Associatiounen zou.

D’Konferenz mam Notaire Edouard Delosch vermëttelt en Iwwerbléck iwwert déi néi Gesetzesännerungen, hir Bedeitung fir d’Associatiounen a wéi eng Prozeduren a Reegele ze kenne sinn.

De Me. Edouard Delosch äntwert no senger Presentatioun och op d’Froen aus dem Public.

De Virtrag ass op Lëtzebuergesch. Simultaniwwersetzung op Franséisch.

Mei Informatiounen fannt Dir op dësem Flyer: ASBL-Gesetz

Date

06 février 2024
Expiré!

Heure

19:30

Lieu

Salle des Fêtes Mamer Schlass

Organisateur

Commission des Sports et des Loisirs
QR Code
Aller au contenu principal