![](https://mamer.lu/wp-content/uploads/2024/01/Stenkdeier-bild.png)
Kabaret Sténkdéier
Samschdes, den 20. Januar 2024 um 20.00 Auer, ass de Kabaret Sténkdéier zu Gaascht am Festsall zu Holzem.
Op Initiativ vum Schäfferot a vun der Kulturkommissioun presentéieren d‘Conny Braquet, de Claude Faber, de Luc Schumacher an d‘Irène Zeimes hire Programm „Eisen alldeegleche Weltënnergang“.
Den Entrée kascht 20 Euro an d‘Opféierung dauert 2 Stonnen.
![QR Code](https://mamer.lu/wp-content/uploads/mec/qr_321cee1eafa09280dcb83e2d083c5236.png)