
Inklusiounsfest zu Mamer
E Freideg, den 10. November 2023, um 19.00 Auer ass an der d’Primärschoul Kinneksbond (18, Um Kinneksbond, L-8210 Mamer) déi 5. Editioun vum Inklusiounsfest vun der Gemeng Mamer. Grouss a Kleng si wëllkomm fir un de verschidde Workshops deelzehuelen, sech auszetauschen a villes auszeprobéieren.
Mat dobäi sinn dêst Joer:
- Jugendhaus Mamer
- AMVA asbl, de Konschtatelier,
- Collectif Dadofonic (Ligue HMC),
- Djembé Atelier mam Marcel Sawuri
- Centre de Logopédie.
Des Weideren kann een d’Ausstellung „Contra spem spero” zentdecken, déi vun der Maison Citoyenne vun der Gemeng Mamer realiséiert gouf.
Den Entrée ass fräi.
All weider Informatioune fannt dir um ugespéengelte Flyer: Inklusiounsfest MAMER 2023
