![](https://mamer.lu/wp-content/uploads/2023/11/repair-cafe.webp)
Repair Café an der Gemeng Mamer
D’Kommissioun fir Energietransitioun, Ëmweltschutz a nohalteg Entwécklung, zesumme mam Schäfferot, organiséiert eng weider Editioun vum Repair Café, e Samschdeg, den 13. Januar 2024, am Centre culturel Capellen.
Vu 14.00 bis 18.00 Auer sinn d’Repairer do fir gratis all méiglech elektresch Apparater, Spillsaachen, Maschinnen a Vëloen ze flécken.
Kommt laanscht. Reparéieren ass besser wéi ewech geheien. Et schount d’Ressourcen an de Portemonni.
![QR Code](https://mamer.lu/wp-content/uploads/mec/qr_21ad5d7c798967160c331a0c8b6dd433.png)