Konferenz: Schuberfouer-Erënnerung, Traditioun a Kultur, mam Historiker Steve Kayser

Wann am August déi grouss Entréespaart vun der Fouer opgeriicht gëtt, fänkt um Stater Glacis eng geckeg Zäit un.
Bal jiddereen erënnert sech un dës Plaz, déi fir zwanzeg Fouerdeeg en organiséiert Aneschtsinn ubitt. Mir ginn op d’Fouer, fir Ongewinntes ze stiichten oder fir Gewinntes an engem ongewinnte Kader ze erliewen. D’Gloscht ass meeschtens méi staark wéi de Verstand. Et ass am Fong wéi Fuesent: mir dréinen den Alldag op d’Kopp!
Eigentlech ass si schonn eng eeler Damm, déi awer an hirem Wiese jonk bliwwen ass, well si mat hirer Zäit matgaangen ass a sech dem jeeweilegen Zäitgeescht ugepasst huet. D’Fouer gouf vum Jang de Blannen den 20. Oktober 1340 als järlech Handelsfoire vun der Stad Lëtzebuerg gegrënnt. Dobäi ginn iwwerliwwert Bräich, ewéi den Hämmelsmarsch oder d’Stater Kiermes gelieft an un déi nächst Generatioune weider gereecht.
D’Schueberfouer ass ee Stéck Lëtzebuerger Kultur an zielt als Volleksfest och méi generell zum immateriellen Kulturierwen. Fir d’Lëtzebuerger Forainen ass si den Héichpunkt vun hirer Tournée. An och bei hiren auslännesche Kolleegen ass si eng Referenz.
Aschreiwung : Club Haus Am Brill Tel: 30 00 01/ clubhaus@mamer.lu

Date

06 mars 2025
Expiré!

Heure

18:30 - 20:00

Tarif

15,00€

Plus d'Infos

Lire la suite

Lieu

Centre Culturel Capellen
Catégorie

Organisateur

Club Haus Am Brill
QR Code
Aller au contenu principal